Buttek an Atelier zu Irrel · IT-Betreiung fir d’Eifel, d’Musel a Lëtzebuerg

Passwuert-Generator

D’Passwuert entsteet an Ärem Browser, aus dem Zoufallsgenerator vun Ärem Apparat. Et gëtt net iwwerdroen an net gespäichert.

De Generator brauch JavaScript. Et geet och ouni: Huelt véier bis fënnef Wierder, déi näischt matenee ze dinn hunn, an hänkt se openeen.

Dräi Reegelen, déi duergoen

  1. Fir all Zougang en eegent Passwuert. Gëtt ee geknackt, bleiwen déi aner zou.
  2. E Passwuert-Manager mierkt se sech. Dir mierkt Iech just nach eent. Dofir sinn d’Bausteng gutt.
  3. Zweete Faktor, wou et geet. Da bréngt e geklaut Passwuert eleng näischt.

All Bausteng ass e klengt Bild mat Widdersproch: Dat éischt Adjektiv passt net zum Ding, zum Beispill „kaltes FEUER“ oder „schnelle SCHNECKE“. Dofir bleift et hänken. Vir an hanne stinn zwou Zifferen, zum Beispill „27-kaltes-FEUER-leise-langsamer-SERVER-bunt-81“. D’Entropie rechent de Generator aus der Gréisst vun de Wuertlëschten: Esou vill Méiglechkeete muss een duerchprobéieren, deen d’Verfahre kennt. Dono riicht sech d’Stäerkt: vu 60 Bit un staark, vu 45 Bit un mëttel, dorënner schwaach. Zwee Bausteng si mëttel, dräi si staark. Fir d’Haaptpasswuert am Passwuert-Manager huelt Dir dräi.

Ob Är E-Mail-Adress schonn an engem Dateleck opgedaucht ass, préift den Identity Leak Checker vum Hasso-Plattner-Institut. Gratis.